AGENDA

Abrëll 2018

    Keng Events ugekënnegt
mois précédent
mois suivant

Wëllkomm um Forum CAI !

 

 

Mam Gesetz vum 16. Dezember iwwert d’Opnam an d’Integratioun vun den Auslänner am Groussherzogtum Lëtzebuerg, huet d’lëtzebuerger Regierung een innovativen Outil a Saachen Integratioun geschaaft: den Opnam- an Integratiounskontrakt (CAI).

 

Wëllt Dir Iech besser zu Letzebuerg integréieren, andeems Dir dem Land seng Geschicht, seng Bräicher, seng Wäerter a seng Sprooche entdeckt? Wann Dir de CAI ënnerschreiwt, deelt Dir mat, dass Dir e festen Bestandeel vun dëser Gesellschaft wëllt ginn. Duerch de CAI engagéiert sech de Stat dann, fir Iech an Ärer Démarche z’ënnerstëtzen.

 

De Forum CAI gëtt Iech een Iwwerbléck vum  CAI a vun den ënnerschiddlech Froen déi am Zesummenhang mat der Integratioun a mam Alldag zu Lëtzebuerg optrieden. Sidd Dir drunn interesséiert? Zéckt net, dem Site seng vill Rubriken auszeprobéieren. Eng Partie vun deenen sinn extra fir d’Signataire vum CAI reservéiert ginn. Ausserdeem fannt Der aner Informatiounen op de Site vum Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration (OLAI) : www.olai.public.lu. Den OLAI ass eng Administratioun déi ënnert dem Ministère fir Famill an Integratioun steet. Dës Administratioun këmmert sech ënner anerem ëm d’Mise en Oeuvre vum CAI

 

Dir kënnt Iech och direkt beim OLAI mellen, per Telefon um 247 85785 oder per Mail: cai AT olai.etat DOT lu, fir méi Informatiounen ze kréien, oder fir ee Rendez-Vous ze kréien fir eng Informatiounssitzung, déi Iech drop virbereede wäert, de CAI z’ënnerschreiwen.

 

Ech soen Iech merci fir Ären Intérêt a wënschen Iech vill Succès an Ärer Démarche fir Iech z’integréieren.

 

Yves Piron 
Direkter vum OLAI